Luxembourg : Déclaration de politique étrangère (mardi 21 mars)

Mardi 21 mars, le ministre luxembourgeois Jean Asselborn prononçait sa déclaration de politique étrangère (voir ci-dessous)), mercredi, c’était le temps du débat avec les députés. Voir aussi sur RTL

Le conflit israélo-palestinien est revenu à plusieurs reprises dans les interpellations.

Déi gréng (les verts) se sont référés au projet du CPJPO à Jénine, avec l’association de femmes Not To Forget, dénonçant les destructions régulières par l’armée israélienne des projets financés par l’UE et ses Etats membres; en leur nom, Claude Adam a appelé le gouvernement à la reconnaissance sans plus attendre de l’Etat de Palestine, le « moment opportun » étant arrivé après 50 années d’occupation depuis la guerre des Six-Jours.

Position partagée par déi lénk, (La Gauche) qui par la voix de Marc Baum a déploré les compromissions économiques avec Israël (comme avec la Turquie, le Qatar ou l’Arabie saoudite).

Le CSV, et l’ADR, ont reproché au ministre une position unilatérale; le ministre a su remettre midi à sa porte en rappelant les réalités catastrophiques de l’occupation israélienne, le fléau de la colonisation, l’enfermement et les souffrances des habitants de Gaza et la prééminence du droit international.

Le député CSV Mosar a osé dire (le croit-il lui-même, on a du mal à croire une telle ignorance d’un politicien aguerri) qu’avant d’envisager la reconnaissance de l’Etat palestinien, il fallait que l’Autorité palestinienne reconnaisse le droit à l’existence d’Israël, comme si cela n’avait déjà été fait en 1993 par échange de lettres officielles entre Rabin et Arafat (comme l’a rappelé le ministre dans sa réponse)!! 

Déclaration sur la politique étrangère et européenne du ministre Asselborn, extrait sur le conflit israélo-palestinien:

Den israelesch-palästinensesche Konflikt ass wahrscheinlech dee längsten, ongeléiste Konflikt op der Welt, deen trotz senger laanger Dauer naischt vun senger politescher, strategescher an emotionaler Wichtegkeet verluer huet. Déi ganz Regioun wäert sech net berouegen, wann hiren eelste Konflikt net definitiv geregelt gëtt; soss liwwert en weiderhin Nährbuedem fir Frustratioun, Haass a Radikalisatioun, regional an weltwäit.

2017 ass fir den No-Ost-Konflikt e ganz symbolescht Joer. D’Okkupatioun dauert am Juni schonns 50 Joer un, während d’Konferenz vu Madrid déi zum Oslo-Prozess gefouert huet viru 25 Joer stattfonnt hat, an déi politesch Trennung tëschent Ramallah a Gaza, also tëschent der Fatah an dem Hamas, zesumme mat enger Blockade vun der Gaza-Sträif, virun 10 Joer ugefaangen huet. All Evolutiounen um Terrain weisen dass d’Situatioun sech verschlëmmert, ob duerch d’Zerstéierunge vu palästinensesche Strukturen, oder dem Bau vun israelesche Siedlungen an deene besate Gebidder, y inclus Ost-Jerusalem.

Zënter dem 20. Januar, zënter der Vereedegung vum néien amerikanesche President, huet Israel iwwert 6000 nei Wunnengen an de Siedlungen annoncéiert, méi wéi am ganze Joer 2016 zesummen. Obwuel d’Siedlungspolitik ausnahmslos vun jiddwer israelescher Regierung bedriwwe ginn ass, huet een d’Impressioun, dass all Retenue elo endgülteg fort ass.

D’Virgoe vun Israel bei der Siedlungspolitik léisst Zweiwelen opkommen, ob Israel et mat enger Zwee-State-Léisung iwwerhaapt nach eescht mengt. Zënter Oslo huet sech d’Unzuel vun de Siidler op ronn 600.000 verduebelt. Wann Israel seng demokratesch esouwuel wéi seng demographesch Zukunft séchere wëll, féiert kee Wee un der Zwee-State-Léisung derlaanscht. Israel muss sech entscheeden, entweder fir d’Zwee-State-Léisung, oder fir d’Siedlungspolitik.

Israel, déi staark Partei, mécht d’Schafe vun engem palästinensesche Stat all Dag méi schwéier. Dëst ass eng kuerzsiichteg Politik déi riskéiert, d’Zwee-State-Léisung ze ersetzen duerch eng Ee- Staat Realitéit, déi aus Gewalt an Okkupatioun besteet.

Den internationale Konsens fir eng Zwee-State-Léisung ass am Dezember 2016 vum Sécherheetsrot an der Resolutioun 2334 nach eng Kéier däitlech ënnerstrach ginn, esou kloer wéi seelen. Dës Resolutioun seet ganz kloer, dass d’Grenze vun 1967 nach bestinn an dass Kolonien illegal sinn. Déi Paräiser Konferenz vum 15. Januar huet nach eng Kéier dësen internationale Konsens ënnerstrach. Ouni d’Israelien an d’Palästinenser mat um Dësch war et eng symbolesch Konferenz, déi anengems och gewisen huet, dass de sougenannte Friddensprozess um Nullpunkt ukomm ass.

Déi international Gemeinschaft muss weider ënnersträichen, dass dësen internationale Konsens nach ëmmer gülteg ass, an dass et keen “anti-Israel” a kee “pro-Palästina” gëtt. Mir an Europa si Frënn vun deenen zwee. Par conter, gëtt et dat internationaalt Recht an dat wat dogéint verstéisst, an da muss een och déi israelesch Regierung kritiséiere kennen.

D’Europäesch Positioune mussen och weiderhin op de Parametere baséieren, déi 2009 définéiert goufen. Déi arabesch Nopere sollen aktiv matwierken, zum Beispill bei engem vergréisserte Quartett. An déi Vereenegt State mussen u Bord gehale ginn, wat d’Wichtegkeet vun der Zwee-State-Léisung an engem internationale Verhandlungs-Kader ugeet.

Leider hu mer am Moment am EU Conseil grouss Divergenzen, wéi ëmgoe mat Israel/Palestina no dem Vote vun der Resolutioun 2334 an dem Changement vun der amerikanescher Administratioun. Zwee “Faits” déi sech am Fong neutraliséieren. Och di franséisch international Initiativ ass blockéiert. Wat ech weess, vum President Abbas selwer, deen ech zu Genf de 27ten Februar gesinn hat, ass dass de President Trump hien an den nächste Wochen am Wäissen Haus empfänke wëll, wat ze begréissen ass. D’Saache schéngen sech allgemeng e bëssi ze tässelen, och den Transfert vun der amerikanescher Ambassade ob Jerusalem, oder d’Aussoen iwwer de Prinzip vun der Zwee-Staten Léisung.

Lëtzebuerg wäert weiderhin hëllefe, bei allen diplomateschen Initiativen an der EU, fir zu gemeinsame Positiounen ze kommen. Dat gëllt och fir d’Unerkennung vu Palestina. D’Demarche vu Frankräich ass heibäi ganz wichteg. Lëtzebuerg stoung 2014 am Sécherheetsrot op der Säit vu Frankräich, grad wéi bei hirer Initiative fir eng international Konferenz zu Paräis. Mir sinn net dat eenzegt EU-Land wat dëst Positioun ganz no u Frankräich a Saachen Unerkennung vu Palestina deelt.

Vous aimerez aussi...