Deklaratioun iwwert d’Aussepolitik presentéiert vum Här Jean Asselborn Ausseminister a Minister fir Europäesch Froen virun der Chamber den 13. Mäerz 2018

LA VIDEO

LE TEXTE

Noen Osten

1. En anert Beispill vun Engagement fir Multilateralismus a Mënscherechter, dat mir besonnesch um Häerz läit, ass den Asaz fir d’Recht vun de Palestinenser an den Israelien, a Fridden, Sécherheet an Dignitéit als Noperen am Noen Osten ze liewen.

2. Iwwert 100 Joer no der Balfour-Deklaratioun a 50 Joer nom Ufank vun der israelescher Besatzung vun Ost-Jerusalem, dem Westjordanland a Gaza, huet den israelesch-palestinensesche Konflikt näischt vu senger politescher, strategescher an emotionaler Zentralitéit verluer. Aner Konflikter an der Regioun dierfen net als Virwand benotzt ginn, fir déi politesch Rechter vun de Palestinenser a Fro ze stellen.

3. E Friddensaccord tëschent Israel a Palestina géif vill derzou bäidroen, fir d’Spannungen an der arabescher Welt an tëscht der islamescher Welt an dem Westen ze berouegen. Wann de Konflikt net geléist gëtt, bleift e weider e Nährbuedem fir Frustratioun, Haass a Radikaliséierung.

4. Ech bleiwen dovun iwwerzeegt, dass de Respekt vum internationale Recht d’Basis muss si fir de Fridden am Noen Osten. Et dierfe keng Zweiwel ginn iwwert d’Existenzrecht vun Israel, an och net iwwer d’Recht vun de Palestinenser op hiren eegene Staat. Mir musse weider betounen, dass de Prinzip “Land fir Fridden” gülteg bleift, grad ewéi d’EU-Parameter fir eng Zwee-Staate-Léisung, déi op de Grenzen vun 1967 baséiert.

5. De Staat Israel feiert de 14. Mee 2018 säi 70. Gebuertsdag. D’Administratioun Trump huet ugekënnegt, dass dee selwechten Dag och d’Aweiung vun der amerikanescher Ambassade zu Jerusalem soll stattfannen, nodeem de President de 6. Dezember Jerusalem als Haaptstad vun Israel unerkannt huet. De Choix vun deem Datum ass eng total iwwerflësseg Provokatioun fir d’Palestinenser an déi arabesch Welt, déi de 14. Mee mat der “Nakba” associéieren, der Katastroph vun der massiver Verdreiwung vun de Palestinenser am Joer 1948.

6. Di unilateral Decisioun iwwert Jerusalem brécht mam internationale Konsens a verstéisst géint eng ganz Rei vun UNO-Resolutiounen, ewéi d’Resolutioun 478 vum Sécherheestrot aus dem Joer 1980. Déi Resolutioune gesi vir, dass duerch Negociatiounen en Accord iwwert de Statut vu Jerusalem muss fonnt ginn, deen d’Rechter an d’Aspiratioune vu béide Parteie muss respektéieren.

7. De Statut vu Jerusalem ass net nëmmen eng heikel politesch a juristesch Fro, mä och e reliéisen a symboleschen Enjeu fir d’Israelien, fir d’Palestinenser, fir iwwer 400 Milliounen Araber a fir Milliarde Moslemen a Chrëschten uechter d’Welt. Déi amerikanesch Decisioun erschwéiert d’Ëmsetzung vun enger Zwee-Staate-Léisung, déi de Pilier bleift vum europäeschen an internationale Bestriewen no enger Léisung an dësem Konflikt. Ouni Jerusalem als Haaptstad vun Israel a vu Palestina, déi niewenteneen a Fridden a Sécherheet liewen, kann et keng Zwee-Staate-Léisung ginn. Déi Zwee-Staate-Léisung ass déi eenzeg gerecht an dauerhaft Léisung. D’Palestinenser hunn e Recht op hire Staat, an d’Schafe vun dësem Staat ass och am vitalen Intressi vun Israel, fir seng demokratesch an demographesch Zukunft ofzesécheren.

8. D’Jerusalem-Decisioun schëtt net nëmme Waasser op d’Mille vun de Radikalen, mä si diskreditéiert och Amerika als neutrale Vermëttler am Friddensprozess. Dofir gehéiere mir zu deenen, déi sech fir e neie multilaterale Format fir d’Verhandlungen asetzen, an deem d’EU, d’Ligue arabe, di europäesch an arabesch Länner méi agebonne ginn.

9. Amerika kann net méi de Monopol vun der Mediatioun hunn. Mä et ass natierlech kloer, dass eng Léisung net kann ouni Amerika fonnt ginn. Ech hoffen op den Dag, wou d’Vereenegt Staaten erëm hire vollen Appui fir eng Zwee-Staate-Léisung wäerte ginn.

10. An der Tëschenzäit musse mer d’europäesch Unitéit nees hierstellen an Episode verhënneren, wéi den 21. Dezember d’lescht Joer an der UNO-Generalversammlung, wou 6 EU-Länner sech bei engem Vott iwwert Jerusalem enthalen hunn, nodeems e puer Deeg virdrun de Conseil européen den Appui vun der EU fir d’Zwee-Staate-Léisung bekräftegt hat, mat der Präzisioun, dass an deem Kontext de Standpunkt vun der EU zu Jerusalem onverännert wär.

11. Lëtzebuerg wäert sech jiddefalls weiderhi fir eng gemeinsam a kohärent EU-Positioun asetzen.

12. Dat gëllt och fir d’Unerkennung vu Palestina. Lëtzebuerg wëllt selbstverständlech esou séier ewéi méiglech e viabelen an onofhängege palestinensesche Staat gesinn. D’Palestinenser hunn e Recht op Selbstbestëmmung an op hiren eegene Staat. 136 Länner hunn dëse Staat och scho bilateral unerkannt. Mir mengen, dass eng kritesch Mass vun EU-Memberstaaten néideg ass, fir gemeinsam Palestina unzëerkennen. Fir dass dës Unerkennung den erwënschten Effekt huet an dem Friddensprozess déngt, kann se net onofhängeg vum internationale Kontext décidéiert ginn. Eng enk Koordinatioun mat deene Länner, déi ähnlech gesënnt sinn ewéi mir, ass also néideg, fir de richtegen Zäitpunkt ze wielen an den Impakt vun enger gemeinsamer Unerkennung ze maximiséieren.

13. D’Positioun vu Frankräich ass heibäi ganz wichteg. Lëtzebuerg stoung 2014 am Sécherheetsrot op der Säit vu Frankräich, grad wéi bei der internationaler Konferenz zu Paräis am Januar d’lescht Joer, déi den internationale Konsens fir eng Zwee-Staate-Léisung ënnerstrach huet. Frankräich huet och eng besonnesch Responsabilitéit als EU-Land mat engem permanente Sëtz am Weltsécherheetsrot.

14. D’Situatioun um Terrain verschlëmmert sech ëmmer méi, sief dat duerch de Bau vun israelesche Siidlungen an deene besate Gebidder, och zu Ost-Jerusalem, oder duerch d’Zerstéierunge vu palestinenseschen Haiser, Schoulen an Infrastrukturen. Wéinst der Zerstéierung vun humanitäre Projete fir vulnerabel palestinensesch Communautéiten huet Lëtzebuerg am leschten Oktober an och Uganks vun dësem Mount u gemeinsamen Demarchen deelgeholl, zesumme mat der Belsch, Dänemark, Frankräich, Irland, Italien, Schweden, Spuenien an der Europäescher Kommissioun, fir entweder de Retour vu konfiskéierten Equipementer oder ee Remboursement vun de Käschten ze fuerderen, an dat am Aklang mat der Véierter Konventioun vu Genève.

15. D’Resolutioun 2334 vum Sécherheetsrot vum 23. Dezember 2016 fuerdert ganz kloer en totalen an direkte Stopp vun der Kolonialisatioun an de besate Gebidder. Trotzdeem sinn am Joer 2017 bal 7000 nei Wunnengen an de Kolonien accordéiert ginn. Leider muss ee feststellen, dass Israel esou mécht, wei wann et déi Resolutioun an dat internationaalt Recht net géif ginn. Doduerch gëtt d’Schafe vun engem palestinensesche Staat all Dag méi schwéier.

16. Zënter Oslo, also während de leschte 25 Joer, huet sech d’Unzuel vun de Siidler op ronn 600.000 verduebelt. Dovunner sinn der ronn 200.000 zu Ost-Jerusalem. Israel muss sech entscheeden, entweder fir d’Zwee-Staate-Léisung, oder fir d’Siidlungspolitik, déi amgaangen ass zu enger Ee-Staat-Realitéit ze féieren, mat dem Risiko, dass Israel sech zu engem Apartheid-Staat entwéckelt.

17. Wéi wann d’Lag net schonns schwéier genuch wier, hunn d’Vereenegt Staaten och elo nach hire Bäitrag un d’UNO-Agence UNRWA, déi de palestinensesche Refugiée zur Säit steet, staark gekierzt. Dobäi sinn d’Aktivitéite vun der UNRWA, haaptsächlech an der Educatioun an an der Santé, e wichtege Faktor fir d’Stabilitéit vu Gaza a vun der ganzer Regioun. Dofir ënnerstëtzt Lëtzebuerg och d’Agence. Et wier a kengem sengem Interêt, wann op ee Mol méi wéi 260.000 Kanner zu Gaza net méi kéinten an d’Schoul goen. 80% vun den zwou Milliounen Awunner vu Gaza hänke vun humanitärer Hëllef of. Et dréit eng weider Verschlechterung vun hirer Situatioun. Eng politesch Instrumentaliséierung vun der Hëllef fir d’Palestinenser ass einfach inakzeptabel. Iwwermuer reesen ech op Roum, wou eng aussergewéinlech Ministerkonferenz vu menge Kollegen, den Ausseministere vu Jordanien, Schweden an Egypten aberuff ginn ass, fir Léisunge fir déi prekär finanziell Situatioun vun der UNRWA ze fannen an de Fonctionnement vun den Servicer ze garantéieren. Hei ass erëm en multilateralen Effort gefrot, bei deem sech och déi arabesch Staaten aus dem Golf musse verstäerkt bedeelegen.

18. E Wuert nach zu der Blockad vu Gaza, déi säit iwwert zéng Joer besteet: si muss endlech opgehuewe ginn, fir eng fundamental Verbesserung vun de Liewenskonditiounen ze erméiglechen. Duerch eng inter-palestinensesch Reconciliatioun an e Retour a Gaza vun der Palestinensescher Autoritéit kéint dat méi einfach gemaach ginn. Jo, et gëtt Gewalt a Gaza an aus Gaza eraus. Den Hamas operéiert ganz dacks mat kriminelle Methoden, an et geet hei net drëm, dem Hamas säi Virgoen ze verteidegen. Mä Gaza muss ee gesinn hunn, fir ze verstoen, dass een zwou Millioune Leit net zesummeperche kann op enkstem Raum, ee Siwentel vum Lëtzebuerger Territoire, a fuerderen, dass déi Leit sech wéi normal Mënsche behuelen. Gaza ass dem 21. Joerhonnert an der ziviliséierter Welt onwierdeg!

Vous aimerez aussi...